About Onkraut

Onkraut vergeet net

Dëse Sproch fënnt ëmmer erëm säi Wee an d’Alldagskommunikatioun, och wann et sech beim Thema vum Gespréich eigentlech net ëm Onkraut handelt. Onkraut ass e Sammelbegrëff vun allméigleche Planzen, déi een net well a sengem Feld, Gaart oder Virgäertchen hunn. D’Planz un sech ännert hir Eegenschaften net duerch déi mënschlech Klassifizéierung als Onkraut. Et ass de Bléckwénkel dee vun der Säit vum Mënsch ännert a Verbindung mat der Planz, déi dann net méi wéi all déi aner Planze gesi gëtt, mee als schiedlech, negativ a virun allem net méi mat den Zieler déi ee perséinlech verfollegt (Blummengärtchen, Feld bebauen..) iwwertenee passt. Et fänkt een un sech bedrängt ze fillen an et muss een sech lauter Gedanke maache wéi een domat ëmgeet. D’Planz op der anerer Säit, déi elo zum Feind mutéiert, also zum “Onkraut”, ännert sech nach ëmmer absolut net.

Grad dat Beispill weist wéi eng menschegemaache Konstruktioun eigentlech op laang Dauer eng fest Iwwerzeegung verankere kann, déi am Kär duerch de Choix vun der Perspektiv gezeechent gouf an net onbedéngt, well een sech eng grondleeënd Fro zur eventueller Funktioun a Charakteristik vun der Saach, ausserhalb vun dem individuelle Selbstverständnis a Selbstzweck, gestallt huet.

Mat Onkraut wëlle mir genau esou grondleeënd Froen opwerfen. An onsen éischten Artikelen beschäftege mir ons ënnert anerem mat Migratioun, wou mir souwuel Politiker wéi och Fuerscher zu dëser ganz aktueller Thematik zu Wuert komme loossen. Och déi ëmmer méi staark Individualiséierung vun der Gesellschaft gëtt opgeschafft. Mir setzen ons mat verschidde Forme vu Partnerschaft a Léift auserneen a froen ons wéi et sech an enger alternativloser Welt liewe léist. Natierlech soll dëst alles awer net als alternativlos consideréiert ginn, mee dozou ureegen, prinzipiell méi ze hannerfroen.

Mir wënsche vill Spaass beim Liesen.

Gina Arvai a Paul Matzet