LGBTQI
11th Nov

LGBTQI

Lesbian / Gay / Bisexual / Transgender / Queer / Intersex

 

De Jeff Mannes ass en lëtzebuergeschen Aktivist, den sech virun allem fir d’Rechter vun der LGBTQI-Community an Deiererechter asetzt. Hien lieft zu Berlin a war zesumme mat sengem Frënd d’Gesiicht vun enger Campagne vun der däitscher Aids-Hëllef zum Thema HIV-Präventioun duerch Therapie. Mer hunn eis doriwwer, mee awer och iwwert déi allgemeng Situatioun vun der LGBTQI-Community op der Welt mam Jeff ënnerhalen. 

Salut Jeff, du setz dech fir d’Rechter vun der LGTBQI-Community an – wéi koums du dozou a fir wéi eng Cause trëts du besonnesch an?

Et gouf eng ganz Rei u Schlësselmomenter a mengem Liewen, déi zu mengem Asaz fir méi sozial Gerechtegkeet allgemeng a fir LGBTQI-Rechter speziell gefouert hunn. Een dovunner ass natierlech mäin Outing als schwule Mann an de Wonsch ze verstoen, wéi et zu Diskriminéierunge kënnt. Mee schonn als Kand gouf et deen éischte Schlësselmoment, wéi ech eng Dokumentatioun iwwer KZs gesinn hunn. Och wann dat en Extrembeispill ass, mee ech wollt verstoen, wéi et dozou kënnt, dass komplett gesellschaftlech Gruppen ënnerdréckt, jo souguer ausgeläscht wëlle ginn. An ech war einfach net zefridde mat den Äntwerten, déi mir mäin Ëmfeld oder de Geschichtsunterrecht an der Schoul konnte ginn. Dee leschte wichtege Moment war wuel de Fakt, dass ech an der Primärschoul regelméisseg geschloe gouf, wat bis zu enger geprellter Schëller an enger Gehirnerschütterung gaangen ass. Dat Prägend fir mech war dobäi net d’Schléi u sech – mee dass de Gros vum Léierpersonal ewech gekuckt huet. Zënterhier kann ech net ewech kucken, wann ech iergendwou Ongerechtegkeet gesinn. Haut setzen ech mech fir vill verschidde Causen an: Mënscherechter, Déiererechter, awer ebe speziell och fir d’LGBTIQ-Community a besonnesch och fir Leit mat HIV.

Wéi gesäit däin Engagement da konkret aus?

Am Moment sinn ech an Däitschland bei enger Campagne aktiv, déi sech fir Präventioun bei MSM (Männer, déi Sex mat Männer hunn) asetzt. Do reesen ech vill, notamment besonnesch am Summer op verschidden CSDs, wou mir mat Leit schwätzen oder op der Bühn interviewt ginn.

Däi Partner an du waart / sidd d’Gesiicht vun enger grousser Campagne an Däitschland gewiescht – wéi eng Campagne war / ass dat?

Déi Campagne nennt sech „Ich weiß was ich tu“, kuerz: iWWiT. Et ass eng Campagne vun der Däitscher Aids-Hëllef déi sech un MSM riicht a ganz vill verschidden Theme behandelt: Klassesch Präventiounsbotschaften, Drogekonsum, Ehrenamt, Beziehungsformen, a.s.w. Mäi Partner, de Stefan, an ech sti fir d’Thema Schutz virun HIV duerch Therapie. De Stefan ass HIV-positiv, ech sinn HIV-negativ. Well de Stefan awer a Behandlung ass, ass hien net méi infektiéis. Hien hëlt all Dag ee Medikament géint den HIV. Dat Medikament bewierkt, dass de Virus zréck gedrängt gëtt, bis en iergendwann guer net méi noweisbar ass. De Stefan ass zwar nach ëmmer positiv, mee soulaang hie säi Medikament weider hëlt, ginn et a sengem Blutt, sengem Sperma an a senge Schläimhait esou gutt wéi keng Vire méi. Wann dat säit mindestens 6 Méint de Fall ass, ka kee méi sech bei him iwwer Sex ustiechen. Dann ass och Sex ouni Kondom Safer Sex – zumindest wat HIV ubelaangt. Schutz duerch Therapie gëllt als mindestens genausou sécher wéi Sex mat Kondom.

Déi Opmierksamkeet huet Iech awer net nëmme Frënn gemaach. Wéi eng Ugrëffer hutt dir dann dobäi erlieft?

Also Ugrëffer hu mer sou gutt wéi keng erlieft. Déi meescht waren iwwerrascht an hu vill Interessi gewisen. Bei villen hunn ech och gemierkt, dass si ee Mënsch gesicht hunn, mat deem si mol oppen an ouni Uerteeler iwwert hir Sexualitéit schwätze kënnen. Mir hu generell d’Erfahrung gemaach, dass jee méi oppen a selbstbewosst een domadder ëmgeet, desto manner Stigma an Diskriminéierung erlieft een. Et ginn awer natierlech Ausnahmen. Muncher hunn Angscht, dass z.B. d’Leit duerch sou Botschafte géifen ophalen sech ze schützen a sinn éischter dofir, dat net un déi grouss Glack ze hänken. Oder si denken, dass een trotzdem deene Leit sollt soen, Kondomer ze benotzen, fir souzesoen en „duebelen“ Schutz ze hunn.

A wéi hutt dir dorobber reagéiert?

Mir sinn do op der Linn vun der Däitscher AIDS-Hëllef. Déi Ängscht, dass d’Leit sech duerch sou Botschaften net méi géife schützen, hunn sech mëttlerweil als falsch erausgestallt. D’Präventiounsverhale gëtt doduerch net méi riskant, mee méi optional a villfälteg (an am Endeffekt doduerch och méi bewosst a sécher). A wat den „duebele“ Schutz ubelaangt: Deen ass am Endeffekt just an de Käpp vun de Leit. Well wann ee Schutz duerch Therapie mécht, kann een zwar trotzdem natierlech weider Kondomer benotzen, mee méi reale Schutz bréngt et net. Well egal ob mat oder ouni Kondom: Wou keng Vire sinn, kënnen och keng iwwerdroe ginn.

Wéi HIV an den 80er opkoum, wollten d’Leit net, dass mer Kondomer verdeelen. Argumentéiert as dat domat ginn, dass d’Leit da géifen ufänken alleguerte wëll matenee Sex ze hunn amplaz abstinent ze sinn. Haut hu mir eng ähnlech Situatioun mat Schutz duerch Therapie. Dat läit dorunner, dass HIV a Sexualitéit immens tabuiséiert ass. Mee soulaang mir net oppen an ouni Viruerteeler driwwer schwätzen, soulaang kënne mir d’Präventioun och net verbesseren. Well wann ech net iwwert eppes schwätzen, kann ech mech och net informéieren a weess folglech net, wéi ech mech am beschte schütze kann. En plus dréit déi Schweigespiral och zur Stigmatiséierung vu Mënsche mat HIV bäi, eppes wat da besonnesch fir schwul Männer, déi vläit scho Problemer mat hirem homosexuellen Outing hunn, besonnesch belaaschtend ass.

Wann s du d’Situatioun vun de Lesben a Schwulen op der Welt kucks, géings du éischter soen datt sech d’Saachen zum Gudden oder éischter zum Schlechte beweegen?

Ech denken zum Gudden. Ech gleewen un dat Gutt am Mënsch. Net well ech vläit naiv wier, mee well d’psychologesch Fuerschung eis weist, dass d’Mënschen alleguer Matgefill mat aneren hunn. A si striewen no engem positive Selbstbild an dozou gehéiert och géigesäitege Respekt a Gerechtegkeet. Och fir Schwuler a Lesben. Homophobie entsteet net doduerch, dass Mënsche béis wieren. Si ass – genausou wéi all aner Form vu Mënschen- an Déierenënnerwerfung – e Resultat vun engem sozio-psychologeschen Ënnerdréckungsmechanismus. Rassismus, Sexismus, Heterosexismus, a.s.w.: Et si gewaltvoll Ideologien, déi eis onbewosst dozou bréngen, dat natierlecht Matgefill, wat mir alleguerten hunn, onbewosst z’ënnerdrécken, ouni dass mir et mierken. An dowéinst ginn et natierlech nach staark Problemer an der Welt, besonnesch och fir LGBTQIs, zum Beispill a Russland oder a villen afrikanesche Länner. Awer och hei an Europa. Mee trotz allen Up and Downs an der Geschicht gouf et verhältnisméisseg ni sou wéineg Gewalt wéi haut. Och wann dat eis vläit net esou virkënnt, well mir haut duerch Internet a Massenmedie méi aus der Welt matkréie wéi fréier.

D’Psychologin Judith Lewis Herman sot eng Kéier, dass déi üblech Äntwert op Grausamkeeten déi ass, si aus eisem Bewosstsinn ze verbannen. Mee si seet awer och, dass Grausamkeeten net kënnen dauerhaft geleugnet ginn. Genausou staark wéi d’Verlaangen, Grausamkeeten ze leugne wier dowéinst de Wëllen si ëffentlech bekannt ze maachen. De Gandhi huet dat eng Kéier gutt ausgedréckt andeems hie sot, dass duerch déi gesamt Geschicht ewech Tyrannen a Mäerder vläit kuerzfristeg onbesiegbar geschéngt hunn, mee um Enn wiere si ëmmer gescheitert. Um Enn hätten ëmmer d’Léift an d’Wourecht gewonnen.

Wéi kéint een denger Meenung no als eenzelnen géint Homophobie virgoen?

Dat ass vu Fall zu Fall ënnerschiddlech. Heterosexueller kënnen opklären, wann si Homophobie bemierken. Si kënnen homophob Akter oder Aussoe kloer als esou benennen, well soulaang engem Homophobie net bewosst ass, soulaang wäert si och weider bestoen. Dobäi awer net de Respekt virum Géigeniwwer verléieren, och wann et ka schwéier si wann ee mierkt, dass dee Mënsch, mat deem een sech ënnerhält, iwwerhaapt kee Respekt weist. Fir Schwuler, Lesben a Bisexueller ass et besonnesch wichteg, zu sech selwer ze stoen, sech selwer bedingungslos z’akzeptéieren a gären ze hunn. An e gesond Selbstbewosstsinn z’entwéckelen. Dat ass e Prozess, dee meeschtens net vun haut op muer geschitt. Mee jee méi oppen a selbstbewosst een domat ëmgeet, desto manner Widderstand huet een an der Regel. Ausnahme ginn et natierlech ëmmer.

Wie sech awer wierklech professionell géint Homophobie engagéiere wëll, deem roden ech, sech mat Fakten a Studien ze beschäftegen an ze léieren, wéieng Strategien hëllefen, a wéi eng Saachen éischter schiedlech sinn. Oft schuet nämlech en einfach mol drop lass Handele méi wéi et nëtzt. Et ginn eng ganz Rei u Bicher (zum Beispill Change of Heart vum Nick Cooney) a Fäegkeeten (zum Beispill Gewaltfräi Kommunikatioun) déi engem dobäi hëllefen.

Villmools Merci Jeff fir deng Äntwerten.

Comments (0)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*