11th Nov

Interview: MOVE.

Jugendgrupp, Projeten, Aktivitéiten an Ëmweltbildung mat a fir Jonker.

 

Move. ass de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique. Wat heescht et sech als Jonken an enger Ëmweltorganisatioun ze engagéieren?

Als Jonke kritt ee ganz genau mat wat a sengem Ëmfeld geschitt, et kann een och zimlech genau ënnerscheede wat een doru gutt oder schlecht fënnt. Iddien, Froen oder Onzefriddenheet ginn oft duerch Konscht ausgedréckt. Jonker sollen awer och d’Méiglechkeet kréien sech duerch gesellschaftlecht Engagement auszedrécken. Dat ass vläit net sou bekannt, mä et mécht enorm Spaass zesummen no Léisungen an Alternativen zu aktuellen Ëmwelt- a Gesellschaftsfroen ze sichen, an domat un d’Ëffentlechkeet ze goen. Bei Move. huet jiddereen d’Fräiheet ze decidéiere wéi a wat e wëll un Erfahrunge bäigewannen. Sécherlech, et ginn haut des Daags genuch Méiglechkeete sech ze informéieren, et soll awer och eng Plattform fir Jonker sinn, wou se sech iwwert dat, wat se am Alldag erliewen, kënnen austauschen an och Gehéier an der Gesellschaft fannen. Move. bidd deene Jonken eng Struktur, déi se ënnerstëtzt, sief et duerch en Uspriechpartner, organisatoresch oder finanziell.

Move. gëtt et elo réischt ganz rezent. Hutt der iech scho konkret Ziler gesat?

D’Zil ass ganz geschwënn en eegene Jugendgrupp, deen ëmwelt- a gesellschaftspolitesch aktiv ass, zesummen ze kréien. Parallel gëtt awer och u ganz konkrete Projete geschafft. Hei geet et virun allem drëm, kritescht Denken ze fuerderen an den ëffentlechen Debat unzereegen. Jonker sollen zesumme Konferenzen, Debaten, Ausflich oder och nach Filmowenter op d’Been stellen, dëst zu Themen, déi si interesséieren. Eng konsumkritësch Staatféierung, déi vu Jonke selwer organiséiert gëtt, ass och a Plangung. Do niewebäi wäerten och geschwënn Workshopen, Formatiounen a Set-Pedagogiquen zu Themen, déi sech op d’Ëmwelt bezéien ugebuede ginn.

Dat kléngt alles zimlech ambitiéis. Wéi stellt een esou e Projet op d’Been?

Ambitiéis jo. Mä wann een d’Oueren opmécht, an deene Jonken, zu deenen ech mech och zielen (laacht), och mol d’Chance gëtt sech auszedrécken, dann entsti wonnerbar Saachen. Déi Erwuessen hunn heiansdo d’Tendenz hir Meenung wëllen opzedrängen, ech gleewen drun datt jidderee vun deem anere ka léieren, an esou gesinn ech och Move. Ech gesi meng Roll als Koordinator, deen seng Erfahrung deelt an déi administrativ Aarbecht, déi vill Zäit an Usproch hëlt, iwwerhëlt. Wat duerno dobäi erauskënnt, dat ergëtt sech. Soss wier et jo net spannend.

Comments (0)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*